Concerts
Dem Stradivari säi Kaddo
Schlappeconcert e FamilljeconcertD’Schlappeconcerten ginn an déi fënneft Saison! An dëser Serie vu Familljenconcerten, gespillt an erzielt vun Enseignanten aus dem Escher Conservatoire, begéinen sech Wuert a Musek.
An dësem Märchen entféiere mer iech op eng musikalesch Rees duerch Italien am 17. Joerhonnert, begleet duerch déi zauberhaft Kläng vu Gei a Piano. Erzielt gëtt d’Geschicht vum jonken Hofmusikant Raphael a senger grousser Léift fir d‘Musek a seng Passioun fir de Geienbauer Antonio Stradivari.
.
Kanner bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech!
strong.echo{background-image:url(‘/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=dem-stradivari-sai-kaddo-fh4TdL&scoring=cxp’);background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}.
Et wierke mat: Caroline Reuter (Gei), Stefanie Duprel (Piano), Sharon André (Erzielung, Iwwersetzung a Konzept).
Dauer ca. 50 Min., Alter ab 4 Joer